D'Millenerhandwierk ass bei den Dieschbourgen eng Joerhonnerten al Traditioun – schonn 1740 gouf et e Millener vun der Famill zu Iechternach.

Zënter 1897 gëtt et de Familljebetrib Moulin J.P. Dieschbourg zu Lauterbuer bei Iechternach. Am Vollek heescht en nach ëmmer „Specksmillen“ – no de fréieren Besëtzer, der Famill Speck (Kadaster vun 1824).
Schonn 1740 ass de Johann Georg Dieschbourg Millener op der Iechternacher „Follmillen“; seng Virfahre koume vum „Dieschburger Hof“ zu Ferschweiler.
Den Heinrich Dieschbourg baut 1870 d'„Neimillen“ zu Lauterbuer. Mat der Maria Storck huet hien 13 Kanner: Seng Meedercher bestueden Millener vu Betzder, Mamer an Uewer-Anven, an dräi vu senge Jongen gi Millebesëtzer. De Peter, genannt Jean-Pierre („Schampier“, 1875–1950), steet de 11. Mäerz 1897 d'Specksmillen op enger Versteigerung.
Postkaart, ëm 1910
d'Onwierder vun 1908
1875 – 1950
1920 – 1978
gebuer 1925D'Jongen vum Jean-Pierre, Paul a Felix, iwwerhuelen d'Millen 1950 a féieren se zesummen bis 1978. Nom plëtzlechen Doud vum Paul féiert säi Jong Jean-Paul – zënter 1969 Millenerlehrjong, 1974 Millenermeeschter – de Betrib mat sengem Monni Felix weider, deen 1979 a Pensioun geet.
Zënterhier féiert de Jean-Paul d'Millen. Fir hien ass Millener sinn keen Zoufall: Et ass Traditioun, Iwwerzeegung a Léift zum Handwierk.
Revendeuren an Horesca: Frot eis no Äre Konditiounen.










